Freitag, 14. November 2008

Lëtzebuerg - Tulcea




Donaueschingen-Regensburg


Alles goung u mat engem kuerze Vëlostrip am September 2004. Deemools war nach guer keng Rieds vum Schwaarze Mier, mir wollte just 4-5 Deeg der Donau no fueren. Als départ hate mir Donaueschingen gewielt ënner anerem well do Donau aus dem Zesummefloss vun der Breg an der Brigach entsteet.



Mir hunn et an eiser éischter "étappe", déi matt der Urees nëmmen 5 Deeg gedauert huet, bis op Regensburg gepackt. Geologesch interessant ass an dësem Stéck d'Donauversinkung virun Tüttlingen, wou d'Donau ganz am Buedem versickert. Am Noerann si mir der Meenung, dat dëst matt dat schéinste Stéck vun der ganzer Rees ass. Besonnesch den Deel duerch de Naturpark Obere Donau, wou de Floss sech iwwer Kilometer duerch de gréngen Dall schlängelt, deen ëmmer vu wäisse Kallekfielsen ënnerbrach gëtt, a wou uewen op de Koppen oft nach e schéint Schlass oder eng mächteg Buerg steet.



 Weider Étappen waren Sigmaringen; Ulm, Dillingen, Donauwörth Ingolstadt an zum Schluss den Donaudurchbruch kuerz viru Regensburg






Regensburg – Budapest

  
E Joer (2005) méi spéit, nodeems mir eis Vëloen e bëssche besser preparéiert haten, hu mir décidéiert der Donau nach e weidert Stéck nozefueren. Wéi weit mir kéime war zu dem Zäitpunkt nach net kloer. Mir hunn dowéinst och keng Hoteler reservéiert. Mam Auto goung et op Regensburg, de mir do stoe gelooss hunn. Eise Wee goung vun do aus iwwer Straubing, Deggendorf op Passau, wou den Inn an Donau fléisst.




 Dono goung et iwwer d’Däitsch - Éisträicheg Grenz bei Passau weider op Linz.




Linz Wien ass wahrscheinlech e vun de meescht befuere Vëlosweer aus Europa. Well déi Woch virdrun hei grouss Iwwerschemmunge waren, hu mir net vill Vëlosfuerer begéint.



E kuerzen Ofstiecher huet eis erop bei d’KZ vu Mauthausen geféiert. Mauthausen huet eis déif beandrockt, besonnesch well kee vun eis 3 virdrun e KZ gesinn hat. Die ganz Rees war bis dohi vir eis flott an onbeschwéiert, a wie mir do fir e puer Stonnen an des ganz aner Welt, ouni Freed a Mënschlechkeet Abléck haten, ware mir fir eng gutt zéit richteg erniichtert. Mir hunn och en Denkmal fonnt, wou Lëtzbuerger hiert Liewen do gelooss hunn





Wéi mir erëm op de Vëlo geklommen a weider gefuer sinn, hu mir fir eng gutt Zäit   guer net geschwat: mir hun allen 3 eisen Gedanken nogehangen
an am Stëllen die batter Andréck verdaut. Gutt fest an t’Pedall drécken ass den Moment ganz hëllefreich…

Fir eis Méi goufe mir um Enn vum Dag mat enger schéiner Vue op de Stift vu Melk, dat gréisst Barok Klouschter aus Éisträich, belount
  
















Tulln


Um Wee fir op Wien si mir nach duerch dat  molerëscht Dürnstein souwéi Tulln mat sengen Nibelungen-Helden gefuer

 
Wien, Prater




No Wien mat „Graben, Sachertorte an Prater“ goung et weider op Bratislava, dat fréiert Pressburg, an der Slowakei.
 
Bratislava
Ir mir d’ungaresch Grenz passéiert hunn, hu mir nach eng Nuecht zu Komarno verbruecht. Komarno ass eng Stad, déi bis an d’90zeger Joer eng grouss Schëffswerft hat, déi awer duerch de Krich a Jugoslavien  hir Aktivitéiten agestallt huet.  








 Bei Esztergom si mir iwwer Slowakesch-Ungaresch Grenz gefuer. No enger haarder Étappe vun 135 km sin mir a Budapest era gefuer. Wéi mir d’schnéiwäisst Gebai vum Parlament erbléckt hunn, hate mir d’Gefill dat mir ons den herrlechen  Ubléck richteg verdéngt hätten. Erleedegt, me immens zefridden, dass mir et bis ob Budapest gepackt haten, hun mir eis en Hotel gesicht an eng Visite vun der Stad vir den Dag drop geplangt. Dono goung et mam Zuch zeréck op Regensburg, wat ouni Zuch-Reservatioun net sou evident war.

Budapest




Lëtzebuerg- Donaueschingen 2006


  Ir mer d’Streck Budapest – Tulca an Ugrëff huele wollten, hu mir ons entschloss, d’Streck Lëtzebuerg-Donaueschingen respektiv d’Donauquell do zwëschen ze schiben. Fir dëse Wee hate mir ons eng Streck ausgesicht, déi wa méiglech nëmmen iwwer Vëlosweeër goe sollt, wat an Däitschland net all ze komplizéiert ass.











Eise Wee goung laanscht d'Musel an d'Saar op Saarburg. Vun do aus weider a Richtung Saarbrécken. Dono si mir d’Bliestal erop, eriwwer Pirmasens, a weider op Wissembourg gefuer.

Wissembourg








Vun hei aus si mir iwwer de Rhein duerch Karlsruhe op Pforzheim "Tor zum Schwarzwald" gefuer. De schéinsten Deel vun der Rees war de Vëloswee vun der Nagold, de vu Pforzheim erof iwwer Calw, Nagold, Horb, Sulz um Neckar leeft. Des Streck ass en Deel vum Heidelberg-Schwarzwald-Bodensee Radwee.





Vu Sulz aus goung et de Neckar erop op iwwer Rottweil, Dillingen-Schwenningen op Donaueschingen, wou sech déi historesch Quell (am Park vum Schlass) befënd.



Woubäi e bemierke muss dat Donau ufänkt wo de 2 Flëss Breg a Brigach zesumme fléissen, a vu wou aus och d’Längt vun der Donau gemiess gëtt.



Fir vun Donaueschingen op d’Geografesch Quell vun der Donau ze kommen, geet et nach ganz kräfteg erop op Furtwangen, wou bei der Martinskapell d'Donau entspréngt.






 

Budapest –  Djerdap Stauséi 2007


Aus Budapest eraus war e richtegen Challenge. Mier hunn ons oft verrannt an dat bei engem Thermometer den 46 Grad ugewisen huet. Wéinst deenen extrem héijen Temperaturen, hu mir eis éischt Etappe misse verkierzen, bis mir op d’Idee koume fir mueres scho ganz fréi (4-5 Auer) lasszeleeën.



Den Donauradweg leeft no Budapest net méi wéi bis elo an den Osten me an de Süden iwwer Rackeve, Kalocsa, erof op Mohács un der kroatescher Grenz. D’kroatesch Grenz hu mer mueres em 5 Auer passéiert,well Temperature waren am Dag nach ëmmer zwëschen 45 bis 48 Grad luuchen. 





A Kroatien muss e bësschen oppassen wou e sech an d’Gebüsch schléit, well hei ginn et nach Plaze wou Minnen aus dem läschte Krich leien.






Osijek





Vun  Osijek aus si mir weider op Vukovar gefuer. Hei sin d’ Auswierkungen vum Jugoslawien Krich nach iwwerall präsent.


 
D’Grenz fir a Serbien hu mir zu Ilok passéiert, vu wou mir a Richtung Băcka Palanka an dono weider op Novi Sad gefuer sinn.

Novisad






   
Leider gëtt et fir a Belgrad erann kee Vëloswee méi, me dofir emsou méi Trafik!


Belgrad


 
No Belgrad hu mir eis fir d’Nordufer vun der Donau entscheet. Iwwer Pančevo a Richtung Bela Crkva. Bei Ram hu mir nees eng Fär iwwer Donau geholl, fir op der Südsäit weider duerch Serbien ze fueren.


Golubak





Nodeem mir de sougenannte Silbersee an d’Festung Golubak passéiert haten, goung et a Richtung „Eisernes Tor“. Hei leeft d’ Donau duerch en enke Passag nodeem se schonn eng beträchtlech Breet erreecht hat. D’Strooss féiert hei duerch eng ganz Rei Tunnellen, wou en aus Sécherheetsgrënn onbedengt eng gutt Luucht um Vëlo brauch.








Weider geet et a Richtung Donji Milanovac bis op d’Staumauer virun Drobeta Turnu Serverin.  
Dëse Stauséi (Djerdap See) erreecht mat enger Längt vun 150 Km a maximaler Breet vu 5,5 Km eng Gréisst vun der Halschent vum Bodenséi.




















Wéi mir Staumauer an domat d’Grenz zu Rumänien passéiert haten, si mir net méi weider a Richtung schwaarzt Mier weidergefuer, me duerch Rumänien, dat heescht Nordufer zeréck op Bela Crkva a Serbien.
Vun hei aus si mir mat engem Minibus zeréck op Belgrad gefuer, fir do den Zuch op Budapest ze huelen wou eisen Auto stoung.





Djerdap Stauséi - Tulcea/Sulina 2008



Dëst Joer goung et dann endlech drëm de leschten Abschnitt an Ugrëff ze huelen. Mam Auto si mir bis op Drobeta Turnu Severin a Rumänien gefuer. Do hu mir den Auto stoe gelooss a lassgeluegt. Eng éischt Etapp goung duerch Rumänien bis op Calafat wou mir d’Fär eriwwer op Vidin a Bulgarien geholl hunn.






Freundschaftsbrücke Giurgiu Ruse
Iwwer Lom goung du weider op Kosloduy, an zu Oryahovo hu mir d’ Fär zeréck a Rumänien geholl. Hei waren eis Etappen Corabia, Zimnicea a Giurgiu. Vu Giurgui aus hu mir e kuerzen Ausfluch iwwer d’Frënndschaftsbréck op Ruse a Bulgarien gemaach. Zu dem Zäitpunkt war dat déi enzeg Bréck zwëschen Rumänien a Bulgarien, an dat op der ganzer Längt (450Km) wou Donau d’Grenz mat Bulgarien mécht.


Vu Giurgui aus si mir weider op Oltenita, Călăraşi a mat der Fär eriwwer op Silistra a Bulgarien gefuer. Hei war et méi liicht eng Schlofgeleeënhet ze fannen. Silistra ass eng ganz schéi Stat an hei hate mir de beschten Hotel vun der ganzer Rees. Den Hotel Drustar. Leider konnte mir net vill dovu profitéieren, wäll mir ons scho mueres fréi em 4 Auer  op Rees gemaach hunn. Mir wollten näämlech nach de selwechten Dag zu Constanţa ukommen (+/- 140Km).










Op eisem Wee fir op d’schwaarzt Mier Départ moiens em 4:00, si mir net méi der Donau nogefuer, déi do e Schlentzer no Norde mécht, me an den Osten direkt op Constanţa.

D’Arrivée zu Constanţa war fir eis natierlech e besonnesche Moment well mir do dat éischt Zil vun eiser Rees erreecht haten, näämlech de Wee mam Vëlo op d’schwaarzt Mier ze packen.

Constanţa






Vu Constanţa aus si mir laanscht Mier Richtung Norde gefuer, fir eist 2t Zil näämlech den Donaudelta mat der Mündung vun der Donau an d’schwaarzt Mier ze erreechen. No Constanţa, Lumina, Baja a Babadag, si mir zu Tulcea am Delta vum schwaarze Mier ukomm.

Tulcea

Zu Tulcea ass Endstatioun fir de Vëlo. Mir hunn ons dunn ech Schëff gelount fir den Donaudelta a Sulina ze besichen.

Sulina




Hei läit och de Nullpunkt vun der Donau, vu wou aus d’Längt vun der Donau gemiess get. De Nullpunk läit net bei der Quell vum Floss, wéi dat de Fall fir déi aner Flëss ass, me beim ale Leuchturm op der Digue déi vu Sulina an d’Mier gëtt.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen