Donaueschingen-Regensburg
Alles goung u mat engem kuerze Vëlostrip am September 2004. Deemools war nach guer keng Rieds vum Schwaarze Mier, mir wollte just 4-5 Deeg der Donau no fueren. Als départ hate mir Donaueschingen gewielt ënner anerem well do Donau aus dem Zesummefloss vun der Breg an der Brigach entsteet.
Mir hunn et an
eiser éischter "étappe", déi matt der Urees nëmmen 5 Deeg gedauert
huet, bis op Regensburg gepackt. Geologesch interessant ass an dësem Stéck
d'Donauversinkung virun Tüttlingen, wou d'Donau ganz am Buedem versickert. Am
Noerann si mir der Meenung, dat dëst matt dat schéinste Stéck vun der ganzer
Rees ass. Besonnesch den Deel duerch de Naturpark Obere Donau, wou de Floss
sech iwwer Kilometer duerch de gréngen Dall schlängelt, deen ëmmer vu wäisse
Kallekfielsen ënnerbrach gëtt, a wou uewen op de Koppen oft nach e schéint
Schlass oder eng mächteg Buerg steet.
Regensburg – Budapest
E Joer (2005) méi
spéit, nodeems mir eis Vëloen e bëssche besser preparéiert haten, hu mir
décidéiert der Donau nach e weidert Stéck nozefueren. Wéi weit mir kéime war zu
dem Zäitpunkt nach net kloer. Mir hunn dowéinst och keng Hoteler reservéiert.
Mam Auto goung et op Regensburg, de mir do stoe gelooss hunn. Eise Wee goung
vun do aus iwwer Straubing, Deggendorf op Passau, wou den Inn an Donau fléisst.
Dono goung et iwwer d’Däitsch - Éisträicheg Grenz bei Passau weider op Linz.
|
Lëtzebuerg- Donaueschingen 2006
Eise Wee goung laanscht d'Musel an d'Saar op Saarburg. Vun do aus weider a Richtung Saarbrécken. Dono si mir d’Bliestal erop, eriwwer Pirmasens, a weider op Wissembourg gefuer.
![]() |
Wissembourg |
Vun hei aus si mir iwwer de Rhein duerch Karlsruhe op Pforzheim "Tor zum Schwarzwald" gefuer. De schéinsten Deel vun der Rees war de Vëloswee vun der Nagold, de vu Pforzheim erof iwwer Calw, Nagold, Horb, Sulz um Neckar leeft. Des Streck ass en Deel vum Heidelberg-Schwarzwald-Bodensee Radwee.
Vu Sulz aus goung et de Neckar erop op iwwer Rottweil, Dillingen-Schwenningen op Donaueschingen, wou sech déi historesch Quell (am Park vum Schlass) befënd.
Woubäi e bemierke
muss dat Donau ufänkt wo de 2 Flëss Breg a Brigach zesumme fléissen, a vu wou
aus och d’Längt vun der Donau gemiess gëtt.
Fir vun
Donaueschingen op d’Geografesch Quell vun der Donau ze kommen, geet et nach
ganz kräfteg erop op Furtwangen, wou bei der
Martinskapell d'Donau entspréngt.
Budapest – Djerdap Stauséi 2007
Aus Budapest
eraus war e richtegen Challenge. Mier hunn ons oft verrannt an dat bei engem
Thermometer den 46 Grad ugewisen huet. Wéinst deenen extrem héijen
Temperaturen, hu mir eis éischt Etappe misse verkierzen, bis mir op d’Idee
koume fir mueres scho ganz fréi (4-5 Auer) lasszeleeën.
Den Donauradweg leeft no Budapest net méi wéi bis elo an den Osten
me an de Süden iwwer Rackeve, Kalocsa, erof op Mohács un der kroatescher Grenz.
D’kroatesch Grenz hu mer mueres
em 5 Auer passéiert,well Temperature waren am Dag nach ëmmer zwëschen 45 bis 48
Grad luuchen.
A Kroatien muss e bësschen oppassen wou e sech an d’Gebüsch schléit, well hei ginn et nach Plaze wou Minnen aus dem läschte Krich leien.
Vun Osijek
aus si mir weider op Vukovar gefuer. Hei sin d’ Auswierkungen vum Jugoslawien
Krich nach iwwerall präsent.
D’Grenz fir a
Serbien hu mir zu Ilok passéiert, vu wou mir a Richtung Băcka Palanka an dono
weider op Novi Sad gefuer sinn.
Leider gëtt et fir a Belgrad erann kee Vëloswee méi, me dofir emsou méi Trafik!
![]() |
Belgrad |
No Belgrad hu mir
eis fir d’Nordufer vun der Donau entscheet. Iwwer Pančevo a Richtung Bela
Crkva. Bei Ram hu mir nees eng Fär iwwer Donau geholl, fir op der Südsäit
weider duerch Serbien ze fueren.
Weider geet et a Richtung Donji Milanovac bis op d’Staumauer virun
Drobeta Turnu Serverin.
Dëse Stauséi (Djerdap See) erreecht mat enger Längt vun 150 Km a
maximaler Breet vu 5,5 Km eng Gréisst vun der Halschent vum Bodenséi.
Wéi mir Staumauer an domat d’Grenz zu
Rumänien passéiert haten, si mir net méi weider a Richtung schwaarzt Mier
weidergefuer, me duerch Rumänien, dat heescht Nordufer zeréck op Bela Crkva a
Serbien.
Vun hei aus si mir mat engem Minibus
zeréck op Belgrad gefuer, fir do den Zuch op Budapest ze huelen wou eisen Auto
stoung.
Djerdap Stauséi - Tulcea/Sulina 2008
Dëst Joer goung
et dann endlech drëm de leschten Abschnitt an Ugrëff ze huelen. Mam Auto si mir
bis op Drobeta Turnu Severin a Rumänien gefuer. Do hu mir den Auto stoe gelooss
a lassgeluegt. Eng éischt Etapp goung duerch Rumänien bis op Calafat wou mir d’Fär
eriwwer op Vidin a Bulgarien geholl hunn.
Iwwer Lom goung du weider op Kosloduy, an zu Oryahovo hu mir d’ Fär zeréck a Rumänien geholl. Hei waren eis Etappen Corabia, Zimnicea a Giurgiu. Vu Giurgui aus hu mir e kuerzen Ausfluch iwwer d’Frënndschaftsbréck op Ruse a Bulgarien gemaach. Zu dem Zäitpunkt war dat déi enzeg Bréck zwëschen Rumänien a Bulgarien, an dat op der ganzer Längt (450Km) wou Donau d’Grenz mat Bulgarien mécht.
Vu Giurgui aus si mir weider op Oltenita, Călăraşi a mat der Fär
eriwwer op Silistra a Bulgarien gefuer. Hei war et méi liicht eng
Schlofgeleeënhet ze fannen. Silistra ass eng ganz schéi Stat an hei hate mir de beschten Hotel
vun der ganzer Rees. Den Hotel Drustar. Leider konnte mir net vill dovu
profitéieren, wäll mir ons scho mueres fréi em 4 Auer op Rees gemaach
hunn. Mir wollten näämlech nach de selwechten Dag zu Constanţa ukommen (+/-
140Km).
Op eisem Wee fir op d’schwaarzt Mier Départ moiens em 4:00, si mir
net méi der Donau nogefuer, déi do e Schlentzer no Norde mécht, me an den Osten
direkt op Constanţa.
D’Arrivée zu Constanţa war fir eis
natierlech e besonnesche Moment well mir do dat éischt Zil vun eiser Rees erreecht
haten, näämlech de Wee mam Vëlo op d’schwaarzt Mier ze packen.
Vu Constanţa aus si mir laanscht Mier Richtung Norde gefuer, fir
eist 2t Zil näämlech den Donaudelta mat der Mündung vun der Donau an
d’schwaarzt Mier ze erreechen. No Constanţa, Lumina, Baja a Babadag, si mir zu
Tulcea am Delta vum schwaarze Mier ukomm.
![]() |
Tulcea |
Zu Tulcea ass
Endstatioun fir de Vëlo. Mir hunn ons dunn ech Schëff gelount fir den
Donaudelta a Sulina ze besichen.
![]() |
Sulina |
Hei läit och de
Nullpunkt vun der Donau, vu wou aus d’Längt vun der Donau gemiess get. De
Nullpunk läit net bei der Quell vum Floss, wéi dat de Fall fir déi aner Flëss
ass, me beim ale Leuchturm op der Digue déi vu Sulina an d’Mier gëtt.